America's Job Portal
Mir siche fir eise Service focus (Formatioun an Entwécklung): Fach- a Prozessbegleeder (M/W/NB) am CDI mat 35-40 Stonnen/Woch
Mir gleewen un d'Potential vu Mënschen, Équipen an Organisatiounen. Mir schafen Raim fir Reflexioun, Léieren an Entwécklung. Mir verstinn Berodung net als d'Vermëttele vu fäerdege Léisungen, mee als e gemeinsame Prozess, fir nei Perspektiven ze entdecken an nohalteg Entwécklung méiglech ze maachen.
Deng Aufgaben:
Du begleets pedagogesch Équipen an Organisatiounen an hire fachlechen Entwécklungsprozesser
Du schafs Geleeënheete fir Reflexioun, Austausch a professionellt Léieren am Alldag
Du ënnerstëtz Fachleit bei pedagogeschen, organisatoreschen an teambezunnen Erausfuerderungen
Du moderéiers Reuniounen, Workshops a Begleedungsprozesser a förders eng konstruktiv Zesummenaarbecht